2 onbekannten Täter haten e Mann um Findel geschloen an him säin Handy geklaut.

Um 09h50 e Sonndeg de Moie war et an engem Hotel um Findel zu engem gewalttätegen Iwwerfall komm. 2 onbekannten Déiwen haten hei e Mann geschloen an him säin Handy geklaut. D'Affer hat déi zwee presuméiert Täter den Owend virum Iwwerfall flüchteg kennegeléiert.

No der Dot waren déi 2 presuméiert Täter geflücht. D'Affer konnt si kuerz virum Fluchhafe stellen. Doropshi war et op en Neits zu enger kierperlecher Ausenanersetzung komm. D'Affer gouf hei op en Neits geschloen an déi presuméiert Déiwe konnten nach eng Kéier flüchten. No dëser Ausenanersetzung war d'Affer fir eng Kontroll an d'Spidol gaangen. D'Police huet eng Enquête an dëser Saach an d'Weeër geleet.

Géint 19h40 e Sonndeg den Owend war et iwwerdeems zu engem Déifstall an der Rue André Duchscher zu Iechternach komm. Hei gouf der Police gemellt, dass eng Sacoche geklaut gouf. Kuerz drop konnt de presuméierten Déif zu Iechternach op der Busgare vun der Police ermëttelt ginn. Dësen hat déi geklaute Sacoche net bei sech. Allerdéngs konnt Dës a senger onmëttelbarer Géigend an enger Heck opfonnt ginn. Dat well eng Patrull vun der Police beobacht hat, wéi de presuméierten Déif Dës an d'Heck geheit hat. Wéi d'Polizisten de Mann duerchsicht haten, haten si e Grinder bei him fonnt. Et gouf eng Plainte gemaach an d'Affer krut seng Sacoche zeréck.