E Méindeg am spéide Moie war de Chauffer vun engem rouden Auto no engem Accident am Rämerecher Rond-Point geflücht.

Géint 11h40 e Méindeg de Moie war am Rämercher Rond-Point zu Esch-Uelzecht zu engem Accident mat Farerflucht komm. Eng Automobilistin war hei mat hirem Auto op der baussechter Spuer vum Rond-Point ënnerwee, wéi si vun engem klenge rouden Auto iwwerholl gouf. Beim Iwwerhuelen hat de rouden Auto den Auto vun der Fra op der Fuerersäit gesträift a beschiedegt.

Nom Accident war de Chauffer vun deem rouden Auto net stoe bliwwe mä mat sengem Auto op d'A4 geflücht.

Wien Informatiounen zum Accident oder zu deem rouden Auto huet, ass gebieden sech beim Policekommissariat vu Bieles ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 52 1000 oder der Mailadress "police.belvaux@police.etat.lu".