D‘USA wäerten déi Corona-bedéngten Arees-Beschränkunge fir Reesender aus Europa an anere Staaten bis op Weideres net ophiewen.

De Grond wier déi sou genannten Delta-Variant, déi sech weider ausbreet, heescht et aus dem Wäissen Haus. Dat wäert sech viraussiichtlech och an den nächste Wochen net änneren. Aktuell kënne Leit aus europäesche Länner wéi och Leit aus Groussbritannien a China wéinst der Corona-Pandemie net an d’USA areesen.