Eng Rei Summer-Festivaller vun e puer Deeg ginn dëse Summer verbueden, dat wéinst de weiderhin héije Coronazuelen.

Aus Angscht dass d’Corona-Infektiounszuele weider klammen huet déi hollännesch Regierung Festivaller, déi e puer Deeg laang daueren, dëse Summer verbueden. Dat bis op d’mannst den 1. September.

Ausserdeem goufen d’Reegelen, fir Leit déi aus der Vakanz zeréck an Holland reesen, verschäerft. Zwar wier d’Zuel vun de confirméierten Infektiounen an der läscht nees zeréckgaangen, trotzdeem bleift d’Lag ugespaant, well d’Zuel vun de Patienten an de Spideeler weiderhi klëmmt, esou den hollännesche Premier Mark Rutte.