Temperature bis zu 44 Grad, nuets keng Ofkillung, dat erwaart Griicheland déi nächst 2 Wochen.

A Griicheland soll et an den nächsten zwou Wochen aussergewéinlech waarm ginn.

Vun en Dënschdeg un, sollen d'Temperaturen a Griicheland dagsiwwer op bis zu 44 Grad klammen an och nuets net ënnert 30 Grad falen. Fir d'Tierkei, de Balkan an Italien sinn iwwregens änlech Temperaturen an Aussiicht.

Wiederdéngscht an Zivilschutz a Griicheland warnen, dass dës Hëtztwell aussergeweinlech waarm wier, wat schlecht fir d’Gesondheet ass, an d’Gefor vu Bränn erhéicht.