Italien ass e Méindeg vu schwéiere Wiedere getraff ginn.

Grouss Knëppelsteng hunn honnerten Autoen, déi an der italienescher Regioun Emilia Romagna op der A1 ënnerwee waren, beschiedegt.

Wéi italienesch Medie mellen, huet d'Autobunnsstreck tëscht Parma a Fiorenzuola a Richtung Mailand misse gespaart ginn.

Knëppelsteng ware bis zu 10 Zentimeter grouss an hunn ënnert anerem Fënsterscheiwe vun den Autoen zerstéiert.