No der Explosioun ass eng riseg Dampsail iwwert der däitscher Stad Leverkusen an d'Luucht gaangen.

Zu Leverkusen an Däitschland ass et en Dënschdeg de Moien zu enger gréisserer Explosioun um Terrain vun engem Chimieskonzern komm. Wéi verschidden Däitsch Medie beriichten, wier d'Explosioun um ganze Gebitt vun der Stad ze spiere gewiescht. Zeien no, wier eng Dampsail iwwert der Stad an d'Luucht gaangen.

D'Awunner vu Leverkusen goufen iwwer eng Warn-App iwwert d'Explosioun informéiert. D'Pompjeeën hunn d'Leit gebieden an hir Haiser, respektiv Wunnengen ze goen an d'Dieren an d'Fënsteren zou ze maachen. Der lokaler Police no, sollen d'Stroosse ronderëm den Terrain vun der Fabrick elo groussraimeg ofgespaart ginn. Och d'Autobunnen A1 an A59 sollen zum Deel gespaart ginn.

Update: Op d'mannst 2 Doudeger an 31 Blesséierter

De leschten Informatiounen no, sinn op d'mannst 2 Mënschen bei der Explosioun ëm d'Liewe komm a 31 Weiderer goufe blesséiert, 5 dovunner schwéier. Aktuell ginn nach 5 Persoune vermësst.