E Méindeg gouf eng Fra bei engem Verkéiersaccident zu Munneref schwéier blesséiert.

Géint 16h00 e Méinden de Mëtten, war et an der Réimecher Strooss zu Monnerech zu engem schwéiere Verkéiersaccident komm. Eng Automobilistin, déi mat hirem Auto vun Éileng-Gare aus an Direktioun Munneref ënnerwee war, war hei mat engem Auto, dee vun der A13 op d'Réimecher Strooss opgefuer war kollidéiert. Den Auto, dee vun der A13 koum, gouf duerch d'Kollisioun e puer Meter weider geschleidert a war am Gruef vun der Géigebunn stoe bliwwen. D'Fra, déi am Auto souz, gouf nom Accident op der Plaz vum Noutdokter versuergt a gouf duerno mat schwéiere Blessuren an d'Spidol transportéiert.

Déi aner Automobilistin gouf liicht blesséiert a koum fir eng Kontroll an d'Spidol.

Wärend dem Asaz vun de Secouristen war eng Spuer vun der Streck gespaart. D'Police huet e Rapport iwwert den Accident verfaasst.