Den Ament kéint een net soen, wéi staark d'Geméis aus de Lëtzebuerger Gäert bei den Iwwerschwemmunge verknascht gouf.

No den Iwwerschwemmungen zu deenen et am Juli hei zu Lëtzebuerg komm ass, réit de Gesondheetsministère de Leit dovunner of, d'Geméis aus hire Gäert z'iessen. Wéi et an engem Communiqué vum Ministère heescht, wiere vill Gäert iwwerschwemmt ginn. D'Waasser, dat an de Gäert stoung hätt sech nieft Reewaasser a Waasser aus de Baachen a Flëss och aus Ofwaasser a Waasser aus de Kläranlagen zesummegesat. Dëst Waasser kéint dowéinst Reschter vu Mazout a cheemesche Produiten enthalen hunn. Ausserdeem kéinte Mikroorganismen am Waasser gewiescht sinn.

Well een net mat Sécherheet soe kéint, wéi staark d'Geméis aus de Gäert, déi net iwwerschwemmt goufen, belaascht ass, réit de Ministère de Leit och dovunner of, dëst Geméis ze iessen oder et ze kompostéieren.

Liest hei de Communiqué vum Ministère:

Principe de précaution pour la consommation des légumes de jardin suite aux inondations (27.07.2021)

Communiqué par: ministère de la Santé

Suite aux inondations de la mi-juillet au Luxembourg, de nombreux jardins privés ont été submergés. Ces inondations ont drainé de l’eau de pluie, de cours d’eau et des eaux usées pouvant provenir de citerne de mazout ou des fosses septiques. Selon les endroits, cette eau peut donc être chargée en micro-organismes et transporter des produits chimiques.

Il est difficile d’évaluer le niveau de contamination des légumes qui ont réchappé aux inondations, et par principe de précaution, le ministère de la Santé conseille de ne pas consommer ces légumes, ni de les composter.