Zu Iechternach ass e Mann ëm d'Liewe komm ewéi hien aus dem 3. Stack vun engem Gebai gestierzt ass.

Um 09h10 en Dënschdeg de Moie war et op engem Chantier an der Rue de la Gare zu Iechternach zu engem schwéieren Aarbechtsaccident komm. En Aarbechter war hei aus dem 3. Stack vun engem Gebai an e Schacht gestierzt. Den 51 Joer ale Mann aus dem Weste vum Land gouf op der Plaz vum Noutdokter a vun de Secouriste versuergt. Hien ass allerdéngs nach op der Plaz vum Accident u senge Blessure verstuerwen.

Op Uerder vum Parquet war de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police Judiciaire op der Plaz. Ausserdeem waren Agente vun der ITM op de Chantier geruff ginn.