Leit mat engem héije Vertrauen an d'Wëssenschaft sinn iwwerdeems éischter bereet sech impfen ze loossen.

Wéi aus enger Publikatioun vum Statec ervir geet, wiere knapps 82 Prozent vun de Lëtzebuerger Residente bereet fir sech géint de Covid-19 impfen ze loossen. Weider heescht et an der Publikatioun, dass d'Herdenimmunitéit erreechbar wier, wann dës positiv Astellung géigeniwwer dem Impfe bäibehale géif ginn. Allerdéngs solle 7,4 Prozent vun de Leit strikt géint eng Impfung sinn. Weiderhi geet aus der Ëmfro ervir, dass Leit mat engem héije Vertrauen an d'Wëssenschaft däitlech éischter bereet si fir sech Impfen ze loossen.