Well de Festival op enger anerer Plaz stattfënnt, wäerte méi Leit un Dësem deelhuele kënnen.

Wéi d'Organisateure vum e-Lake Festival op de soziale Medie matdeelen, wäert de Festival dëst Joer net am Gaart vun der Orangerie zu Iechternach stattfanne kënnen. Grond dofir sinn d'Schied zu deenen et opgrond vun de rezenten Iwwerschwemmunge komm ass.

De Festival gouf allerdéngs net ofgesot. Amplaz vum Gaart vun der Orangerie, wäert Dësen am Haff vun der Iechternacher Abtei sinn. Dat féiert iwwerdeems dozou, dass méi Leit op de Festival komme kënnen. Aus dësem Grond, sinn zënter en Dënschdeg nei Tickete fir den e-Lake um Internetsite vum Atelier disponibel.