Wien Problemer huet, fir sech op eng vun de fräiwëllegen Impf-Lëschten anzedroen, ka sech bei enger zentraler Helpline mellen.

Dat äntweren den delegéierte Minister fir d'Digitalisatioun Marc Hansen an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement. Wéi et an der Äntwert vun der Ministesch an dem Minister heescht, géifen d'Matriculë vun de Leit, déi d'Konditioune fir geimpft ze ginn erfëllen nëmmen all 2 Wochen aktualiséiert ginn. Dat kéint ënner Ëmstänn dozou féieren, dass Leit sech net op eng Waardelëscht androe kënnen, obwuel si d'Konditioune fir geimpft ze ginn erfëllen. Wien an dësem Fall ass, ka sech ënnert der Telefonsnummer 247 65 53 3 mellen.