Wéi et heescht soll eng Testflicht fir Leit agefouert ginn, déi net geimpft sinn. Leit déi sech no enger Infektioun erholl hunn sinn och net betraff.

Wéi däitsch Medie um Mëttwoch matgedeelt hunn, soll vum 1. August un eng Testflicht agefouert ginn.

Deemno soll dat net nëmme fir Leit déi mam Fliger ukommen, ma och fir Zuchpassagéier souwéi Autofuerer kommen.

De Bundesinneminister Horst Seehofer soll enger Zeitung donieft gesot hunn, datt geimpfte Leit oder Leit déi no enger Infektioun geheelt sinn sech net mussen teste loossen.