Op eng europäescher Ausschreiwung, déi Enn zejoert publizéiert gouf, haten sech keng gëeegent Fournisseure vu medezineschem Cannabis gemellt.

D'Penurie vum medezinesche Cannabis hei am Land wäert viraussiichtlech eréischt Enn September vëlleg op en Enn kommen. Dat äntwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vun der Deputéierter Martine Hansen vun der CSV.

Wéi et an der Äntwert vun der Ministesch heescht haten sech op eng europäescher Ausschreiwung, déi Enn zejoert publizéiert gouf, keng gëeegent Fournisseure vu medezineschem Cannabis gemellt. Doropshi gouf am Abrëll eng zweet Ausschreiwung gemaach. Hei gouf ee Fournisseur zeréckbehalen. Déi nächst grouss Liwwerung vu medezineschem Cannabis soll hei am Land awer eréischt Enn September ukommen. An de nächsten Deeg wäerten d'Spidolsapdikte just eng kleng Liwwerung vu medezineschem Cannabis kréien.

Schliisslech huet d'Ministesch an hirer Äntwert wësse gedoen, dass et an Zukunft och méiglech wäert si medezinesche Cannabis-Ueleg op Lëtzebuerg geliwwert ze kréien. Dëse géif ënner anerem dowéinst eng Plus-Value duerstellen, well e fir d'Patiente méi einfach de handhabe wier.