D'Déier gouf esou schwéier blesséiert, dass et huet missen ageschléifert ginn.

En Dënschdeg am Nomëtte gouf der Police e schwéierblesséierte Mupp zu Rëmeleng gemellt. Zeien haten ausgesot, dass d'Deier aus dem 2. Stack vun engem Appartementshaus gehäit gi war. Dem Hond seng Blessure waren esou schwéier, dass Dësen huet missen ageschléifert ginn. D'Beamte konnten 2 verdächteg Persounen ermëttelen. Géint si gouf eng Plainte wéinst Déierequälerei deposéiert.