Fir vill Mataarbechter geet et lues a lues zeréck an d'Büroen. Ma an den USA mussen sech Mataarbechter vu Google impfe loossen.

D'Mataarbechter vu Google a Facebook an den USA mussen sech impfe loossen iert si zeréck an d'Büroen dierfen. Dat hu béid Firmen onofhängeg vunenee matgedeelt. De Google-Chef Sundar Pichai huet erkläert, datt dëst bis op Weideres d'USA betrëfft, ma an de kommende Méint wäert dëst och fir aner Regioune gëlle soubal Impfungen disponibel wieren.

Apple huet op anerer Säit de Retour an d'Büroe scho lescht Woch ee Mount no hanne geréckelt. Eng Impfflicht huet Apple awer net ugekënnegt.

Facebook huet erkläert, datt een sech bei der Impfflicht un déi lokal Mesuren adaptéiere wäert.

Donieft hunn aktuell verschidde Bundesstaaten eng Impfflicht fir Employéeën annoncéiert. New York a Kalifornien fuerdere geimpften Employéeën. De President Joe Biden huet allerdéngs eng national Impfflicht ausgeschloss.