Weiderhi goufen op d'mannst 122 Mënsche wéinst dem Feier blesséiert.

An der tierkescher Vakanzeregioun Antalya ass et zu engem gréissere Bëschbrand komm.

D'Feier war op 4 Plazen an engem Bësch ausgebrach. Wéi et heescht geet ee vu Brandstëftung aus.

Leschten Informatiounen no sinn op d'mannst 3 Mënschen ëm d'Liewe komm an 122 goufe blesséiert.

Opgrond vum Feier goufen Deeler vun der Stad Manavgat evakuéiert. Weider heescht et, datt d'Feier zum Deel ënner Kontroll wier.