De Mann hat eng Ex-Partnerin wärend e puer Stonnen a senger Wunneng gefaange gehalen a si geschloen a mam Dout menacéiert.

An der Nuecht vum 18. op den 19. Juli gouf eng Fra an der Wunneng vun hirem Ex-Partner am Garer Quartier an der Stad wärend e puer Stonne mësshandelt, geschloen a mam Dout menacéiert. D'Fra gouf dobäi schwéier blesséiert. Schliisslech war et der Fra gelongen aus der Wunneng ze flüchten a sech a Sécherheet ze bréngen.

D'Police hat eng Enquête an d'Weeër geleet. Allerdéngs konnt de presuméierten Täter net direkt fonnt ginn. Doropshin hat de Parquet d'Police Judiciaire mat den Ermëttlunge beoptraagt.

De presuméierten Täter konnt schliisslech de leschten Donneschdeg den 22. Juli zu Déifferdeng opfonnt ginn. Hie gouf op Uerder vum zoustännegen Untersuchungsriichter festgeholl. Dësen huet en Haftbefeel géint de Mann verhaangen.