Déi meeschte Protokoller goufen et well déi betraffe Motocyclisten ze séier ënnerwee waren.

Zënter dem 3. Abrëll vun dësem Joer kontrolléiert d'Police am Kader vun enger Sécherheetscampagne verstäerkt Motoen. Nieft der Vitess mat där d'Motocyclisten ënnerwee waren, louch de Fokus vun de Kontrolle verstäerkt um techneschen Zoustand vun de Motorrieder. Ausserdeem goufen d'Pabeiere vun de Gefierer iwwerpréift.

Bis Mëtt goufe Juli goufen am Kader vun dëser Campagne ronn 590 Infraktioune constatéiert:

An 200 Fäll waren déi betraffe Motocyclisten ze séier ënnerwee. 139 mol gouf et e Protokoll vun 49 € an 51 mol hunn d'Motosfuerer e Protokoll vun 145 € kritt. A 16 Fäll haten d'Beamte vun der Police e Rapport geschriwwen. 4 Motocycliste kruten de Führerschäin op der Plaz ofgeholl.

100 Motocycliste kruten e Protokoll, well den techneschen Zoustand vun hirem Gefier net an der Rei war.

64 mol waren d'Pabeiere vun de Motoen net konform.

Ausserdeem krute 60 Motocyclisten e Protokoll well si sech selwer oder Anerer wéinst hirem Fuerstil a Gefor bruecht haten.

28 Leit hate keng Warnvest dobäi an 28 Weiderer hate keen Helm op.

Schliisslech krute 4 Motocyclisten de Führerschäin ofgeholl well si ze vill Alkohol gedronk haten.