Grond fir d'Explosioun soll e Feier am Tank vun enger Anlag, an där Offall verbrannt gëtt, sinn.

2 Deeg nodeems et um Terrain vun engem Chimieskonzern an der däitscher Stad Leverkusen zu enger schwéierer Explosioun komm war, hunn d'Secouristen elo 3 weider Läiche gebuergen. Domadder klëmmt d'Zuel vun den Doudesaffer op 5. Aktuell ginn hei nach 2 Persoune vermësst.

31 Mënsche goufe bei der Explosioun blesséiert. 1 dovunner schwéier.

Wéi et vun de Responsabelen heescht, wier d'Explosioun am Tank vun enger Anlag an där Offall verbrannt gëtt, ausgebrach.