Dës nei Tester ginn ab dem 09. August bei der Large Scale Testing Statioun um Houwald duerchgefouert.

Am Donneschden Nomëtten huet d'Santé via Twitter wësse gelooss, dass vum 09. August un beim LST um Houwald keng PCR-Tester iwwert d'Strass méi duerchgefouert gi mee Spauttester.

Bei de Spauttester ginn et dann eng Rei Uweisungen déi musse berécksiichtegt ginn. Eemol sollen d'Leit déi ee Spauttest maachen 30 Minutten am Viraus net fëmmen, näischt iessen oder drénken an och kee Knätsch an de Mond huelen. Ausserdeem soll een eng hallef Stonn virum Test och net d'Zänn wäschen oder de Mond spullen. Soss kann d'Testresultat eventuell verfälscht ginn.