Dëse Bus wäert nach bis den 10. August bei déi verschidde Fleegestrukture fueren.

Dëse Bus ass ee weidere Schrëtt an der Impfcampagne vun der Regierung. Et wéilt ee mat dësem Bus, deen direkt bis bei d’Spideeler an d’Fleegestrukturen kënnt, d’Personal aus deem Secteur encouragéiere sech impfen ze loossen.

Wann d'Personal aus de Strukture sech an dësem Bus wëll impfe loosse, ass och kee Rendezvous néideg. Déi concernéiert Persoune sollen dat spontan decidéiere kënnen. Mat dëser Aktioun wéilt ee virun allem d’Impfquot an dësem Secteur verbesseren. Aktuell wieren nach relativ wéineg Persounen an dësem Secteur geimpft. Dat huet och de Waringo Rapport zu den Infektiounen an Alters- a Fleegeheemer gewisen. Dëse Rapport huet allgemeng d'Impfcampagne an dësem Beruffssecteur kritiséiert. Mat Hëllef vun dësem Bus wéilt een da weider op d'Persounen an dësem Secteur duergoen an esou motivéieren.