D'Meedche gouf zënter dem 15. Juli vermësst a konnt den 30. Juli erëmfonnt ginn. Him geet et deemno gutt.

D'Police hat e Freideg eng Vermësstemeldung erausginn. Deemno gouf ee 15 Joer jonkt Meedche vu Jonglënster zënter dem 15. Juli vermësst.

E Samschdeg de Mëtten huet d'Police matgedeelt, dass d'Meedchen e Freideg den Owend fonnt gouf.

D'Vermësstemeldung ass domat opgehuewen.