Der nationaler Dateschutzkommissioun no, hätt Amazon géint europäesch Richtlinnen a Saachen Dateschutz verstouss.

D'Online-Handels-Plattform Amazon gouf zu Lëtzebuerg zu enger Geldstrof vu 746 Milliounen Euro verurteelt.

D'Strof gouf vun der nationaler Dateschutzkommissioun verhaangen. Dat well Amazon géint europäesch Richtlinnen a Saachen Dateschutz verstouss soll hunn. Amazon huet sengersäits ugekënnegt, dass d'Entscheedung vun der Dateschutzkommissioun onbegrënnt wier an dass ee mat alle Mëttele géint dës Geldstrof virgoe wéilt.