Um Freideg waren d'sizilianesch Pompjeeën am Ganzen iwwer 140 mol opgrond vu Bränn am Asaz.

D'Feier ass mëttlerweil bis zu der Groussstad Catania virgedrongen. Hei misste vill Leit hier Haiser evakuéiere fir sech a Sécherheet ze bréngen.

Och de Fluchbetrib um Flughafen zu Catania misst agestallt ginn. Dëst opgrond vum villen Damp.

Fir e Samschdeg ruffen d'Autoritéiten den héchste Brandrisiko fir den Osten a Süde vu Sizilien aus. Duerno sollen Temperaturen erëm ënner 40 Grad Celsius falen.

Niewent Sizilien ass och de Weste vu Sardinie schwéier vu Bränn getraff ginn. Dëst wéinst der Dréchent an den héijen Temperature. Och hei misste vill Leit hier Haiser verloossen.