Well d'Infektiounszuelen och an Däitschland erëm weider an d'Luucht ginn, huet den däitsche Gesondheetsministère decidéiert nei Arees-Reegelen anzeféieren.

All Persoun iwwer 12 Joer muss vun e Sonndeg un e Beweis hunn, dass een entweder getest, geheelt oder vollstänneg geimpft ass. Egal aus wéi engem Land een areest.

Och ass decidéiert ginn, dass nëmmen nach tëscht zwou Kategorië weltwäit, bei de Gebidder mat erhéichtem Infektiounsrisiko ënnerscheet gëtt. Hei gëtt vun elo un nëmmen nach den Ënnerscheed tëscht Héichrisiko-Gebidder a Gebidder mat neie geféierleche Virusvariante gemaach.