De CGDIS hat an der Nuecht op e Samschdeg wuel eng méi ze dinn. Am Ganze ware si 9 mol am Asaz.

Zu Hollerech waren am spéiden Nomëtten zwee Autoen anenee geroden. D'Ambulanz an de Samu war hei op der Plaz. Zwou Persounen si blesséiert ginn.

Um Lampertsbierg an zu Hollerech sinn am Ganzen zwee Foussgänger vun engem Auto ugestouss ginn. Dräi Persoune sinn hei blesséiert ginn. De Samu an d'Ambulanz waren och hei zweemol op der Plaz.

Zu Esch-Uelzecht an zu Diddeleng si jeeweils zwee Autoen anenee gerannt, hei goufen et 3 Blesséierter. 
Tëscht Mondorf an Elleng kruten en Auto an e Motorrad sech ze packen, hei ass eng Persoun blesséiert ginn.

An da kruten nach dräi weider Chaufferen entweder e Bam, den Trottoir oder d'Leitplank ze packen. Hei sinn zwou Persoune blesséiert ginn.