E Freideg den Owend ass en Automobilist zu Hollerech an e Policeauto gerannt.

En Automobilist deen e Freideg kuerz no 17h30 vun der Kräizung B4C a Richtung Boulevard Pierre Dupong fuere sollt ass mat engem Policeauto kollidéiert. Dëse war wéinst enger Urgence séier ënnerwee a koum aus der Richtung Boulevard Dr. Charles Marx. Duerch d’Kollisioun gouf de Policeauto op déi riets Säit vun der Strooss geschleidert an ass an enger Heck stoe bliwwen.

Béid Autoen hu missen ofgeschleeft ginn. All Persoun déi am Accident verwéckelt war gouf fir eng Kontroll an d’Spidol bruecht.