An der Nuecht op e Samschdeg gouf e Foussgänger um Kapp blesséiert wéi dësen zu Hollerech ugestouss gouf.

D’Police mellt en Accident um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an an der Avenue Guillaume zu Hollerech. Dësen ass e Samschdeg de Moie fréi géint 3h30 geschitt. E Foussgänger gouf ugestouss an um Kapp verwonnt. D’Affer gouf an d’Spidol transportéiert. D’Automobilistin gouf protokolléiert an den accidentéierte Won gouf saiséiert. D’Automobilistin war alkoholiséiert.

Géint 4h00 ass enger Policepatrull an der Rue du Fort Neipperg an der Stad eng gréisser Mënschenusammlung opgefall déi Kaméidi an Onrou ausgeléist huet. Weider Patrulle goufen op d’Plaz geschéckt. Am Parking gouf et deemno eng Kläpperei tëscht 8 an 12 Persounen déi vun de Poliziste getrennt goufen. Dräi dovunner goufe festgeholl, déi aner si fortgelaf. Verschidde Persoune wollten de Policeasaz stéieren. An deem Kader goufen zwou Fraen immobiliséiert. Am Ganze goufe 5 Persounen op de Policebüro bruecht an 2 hunn de Rescht vun der Nuecht am Arrest verbruecht. Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet a Protokoller géint Rebellioun goufen ausgestallt.