Zu Miersch sinn e Freideg Abriecher geflücht wéi si vum Proprietär vun engem Haus erwëscht goufen. Een Täter gouf schwéier blesséiert.

E Freideg de Mëtteg géint 14h00 goufen zwee Abriecher zu Miersch an der Rue des Soeurs Franciscaines op frëscher Dot vum Proprietär vun engem Haus erwëscht. Déi zwee Abriecher si geflücht andeems si aus enger Fënster vum éischte Stack gespronge sinn. Den éischten Täter ass a Richtung Miersch-Zentrum geflücht mee deen aneren ass schwéier blesséiert um Buedem leie bliwwen. D’Police huet de Schwéierblesséierten an d’Spidol gefouert. Deen aneren Täter gouf nach net erëmfonnt. De Parquet gouf an deem Kader informéiert an et gëtt weider ermëttelt.

D’Police huet bei Verkéierskontrollen um Freideg tëscht 22h15 a Mëtternuecht eng Partie Infraktioune festgestallt. Et goufen an deem Kader 12 Verwarnunge mat Geldstrof ausgestallt. Een Automobilist ass mat 106 km/h aplaz vun den erlaabte 50 km/h duerch Dikrech gefuer. Den Automobilist wollt sech der Kontroll entzéie mee no enger Course-Poursuite gouf dëse gestoppt. D’Police huet de Permis agezunn an et gouf festgestallt dass den Automobilist ënner Alkoholafloss stoung. Hien huet missen eng Verwarnung mat Geldstrof vun 145 Euro bezuelen. Ee weideren Automobilist war ouni Permis ënnerwee an huet sech net vun der Police kontrolléiere gelooss. D’Polizisten hunn dëse méi spéit gestoppt a protokolléiert. Den Auto gouf och saiséiert.

D’Beamten hunn och eng Alkoholkontroll tëscht 00h45 an 01h45 zu Méischtref duerchgefouert. Et gouf eng Verwarnung mat Geldstrof an ee Protokoll wéinst Alkohol opgeschriwwen. Eng aner Alkoholkontroll gouf zu Dikrech tëscht 02h30 an 03h30 gemaach. Do goufen et 2 Verwarnunge mat Geldstrof an 2 Infraktioune géint de Code de la Route. Zu Méischtref goufe 34 an zu Dikrech 54 Persoune kontrolléiert.