A Grönland ginn de Moment héich Temperature registréiert déi dozou gefouert hunn dass extrem vill Äis geschmolt ass.

D’Temperaturen déi a Grönland de Moment registréiert gi maachen de Wëssenschaftler vill Suergen. Dës Hëtzt huet dozou gefouert dass d’Äis massiv geschmolt ass. Zënter e Mëttwoch soll genuch Äis geschmolt si fir ganz Florida mat 5 Zentimeter Waasser z’iwwerdecken. Zënter e Mëttwoch ass zweemol méi Äis geschmolt wéi et soss am Summer de Fall ass.

En Donneschdeg gouf déi héchsten Temperatur vun 23,4 Grad um Fluchhafe vun Nerlerit Inaat am Norde vu Grönland gemooss. Normalerweis gi ronn 10 Grad manner registréiert.