Wéinst der Ausbreedung vun der Delta-Variant vum Coronavirus gi schwanger Fraen spezifesch a Groussbritannien dozou opgeruff sech impfen ze loossen.

Déi brittesch Gesondheetsautoritéite wëlle schwanger Fraen dozou motivéieren sech impfen ze loossen. Dëst well déi séier Ausbreedung vun der Delta-Variant vum Coronavirus de Risiko vun engem méi schroe Krankheetsverlaf erhéicht huet. D’Cheffin vun de Hiewanne vum brittesche Gesondheetsdéngscht NHS Jacqueline Dunkley-Bent huet an deem Kader e Bréif u schwanger Fraen, Dokteren, an u Persounen déi bei der Gebuert hëllefen, verëffentlecht.

De Bréif baséiert sech op eng Etüd vun der Uni Oxford déi erausfonnt huet dass d’Unzuel u schwanger Fraen déi mat enger mëttelschwéierer bis schwéierer Covid-Infektioun an d’Spidol komm sinn zënter der Presenz vun der Delta-Variant am Mee geklommen ass. 99 Prozent vun dëse Frae waren net geimpft.

Den Impfstoff kéint also d’Liewe vu Mamm a Kand retten, esou d’Jacqueline Dunkley-Bent. Zënter Abrëll gi schwanger Fraen a Groussbritannien dozou opgeruff sech mat BioNTech/Pfizer oder Moderna impfen ze loossen. Mee vill vun hinne refuséieren d’Impfung well sinn Angscht hunn dass dës schiedlech fir de Bëbee ass.