Wéi d'Police matdeelt, koum et um Samschdegowend zu engem Accident mat déidleche Suitten.

De Samschde kuerz virun 21:00 Auer koum et zu Biermereng an der Rue de Wintrange zu engem Accident mat déidleche Suitten. De Chauffer ass mat sengem Auto vun der Strooss ofkomm a riets an de Gruef gerutscht. Dobäi ass den Auto mat der Chaufferssäit géint ee Bam kollidéiert. Fir den 48 Joer ale Chauffer aus der Grenzregioun vun Däitschland koum all Hëllef ze spéit. Hien ass nach op der Plaz gestuerwen.

De CGDIS mellt nach een Accident zu Maartel géint 22:00 Auer um Samschdegowend an een Accident zu Esch géint 00:30 Auer an der Nuecht vun ee Samschden op ee Sonnden. Op béide Plazen ass jeeweils een Auto accidentéiert an eng Persoun gouf jeeweils blesséiert.

Des Weidere koum et zu zwou Kollisiounen um Samschden. Eng Kéier géint 16:45 Auer um Samschden zu Draufelt. Hei kruten sech een Auto an ee Moto ze packen an dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn. D'Ambulanz vu Wooltz, de SAMU, d'Pompjeeë vun Housen an d'Pompjeeë vu Kiischpelt waren op der Plaz. Eng aner Kéier sinn dräi Autoen anenee geknuppt. Dat géint 23:45 um Samschdegowend um Beetebuerger Kräiz op der A13. Hei ass eng Persoun blesséiert ginn.