Wéi d'Police matdeelt konnt déi gesichte Persoun vum Samschdegowend aus dem Raum Diddeleng fonnt ginn.

D'Sich an den Zeienopruff zum flüchtege Verdächtegen am Raum Diddeleng ass opgehuewe ginn. Déi gesichte Persoun konnt um Sonndegmoien zu Beetebuerg ugetraff ginn, sou d'Police.