A Frankräich sinn nees ronn 200.000 Mënsche wéinst de geplangte verschäerfte Corona-Mesuren op d'Strooss gaangen. Zu Paräis koum et zu Ausschreidungen.

Op een Neits goufen et a Frankräich Masseprotester wéinst der geplangter Verschäerfung vun de Corona-Reegelen. Dem franséische Ministère no hunn um Samschden 204.000 Mënschen op der Strooss géint déi geplangten Impfflicht vum Gesondheetspersonal demonstréiert. Landeswäit goufen et méi wéi 180 Protestaktiounen. Et ass schonn deen drëtte Weekend hannerteneen, bei deem a ganz Frankräich Corona-Protester stattfannen. Leschter Weekend haten sech méi wéi 160.000 Mënsche bedeelegt.

Frankräich kämpft momentan géint eng véiert Corona-Well. De Staatschef Macron hat wéinst der héijer Infektiounszuel Mëtt Juli nei a méi streng Corona-Mesurë presentéiert. Dat franséischt Parlament huet d'Erneierungen akzeptéiert, elo muss den Donneschden nach am Verfassungsrot iwwert dat neit Gesetz gestëmmt ginn.

Zu Paräis huet d'Police Waasserwerfer agesat a bei den Ausschreidunge goufen 3 Poliziste verletzt an 19 Persoune goufe festgeholl.