An de Soziale Medien gesäit een e Video, an deem zwee Polizisten attackéiert ginn, an duerno héiert een e Schoss falen.

Op engem Facebook-Video gesäit ee wéi zwee Polizisten zu Ettelbréck vun enger Persoun mat engem Messer attackéiert ginn. D'Polizisten zéien doropshin hier Waff. An engem zweete Video héiert ee wéi e Schoss fält an an engem drëtte Video gesäit een de Mann, dee mam Messer attackéiert hat, um Buedem leien an d'Police ass dobäi de Mann ze stabiliséieren.

Update:

Um Sonndegmoien huet de Parquet ee Communiqué geschéckt. Doranner heescht et, dass eng Persoun zu Housen ee Chauffer mat engem Messer menacéiert huet, fir deem den Auto ze klauen. D'Police huet Course-Poursuite opgeholl an den Täter zu Ettelbréck gestoppt. Doropshin huet de Mann d'Poliziste mat engem Messer attackéiert an ee vun de Polizisten huet seng Waff gezunn an huet op den Täter geschoss. Wéi et weider am Communiqué heescht, gouf de Mann schwéier blesséiert an ass um Samschdegowend u senge Blessuren an der Klinik gestuerwen. Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.

Liest hei de ganze Communiqué vum Parquet:

Dans le cadre d'un vol avec violences commis samedi soir à Hosingen, un conducteur de voiture a été contraint de quitter son véhicule sous la menace d'un couteau. L'auteur a ensuite pris la fuite avec le véhicule en direction d'Ettelbruck.

La police a rapidement pris connaissance du crime et une course-poursuite s'est engagée avec la personne qui conduisait le véhicule volé.

Une patrouille de police a réussi à arrêter le véhicule à Ettelbruck. Le conducteur est alors sorti de la voiture et a attaqué les officiers de police avec un couteau. Dans la foulée, un des policiers a fait usage de son arme de service. L'agresseur a été grièvement blessé et transporté à l'hôpital où il a succombé à ses blessures dans le courant de la soirée.

Le juge d'instruction de Diekirch et le parquet de Diekirch étaient présents sur les lieux. Une instruction judiciaire a été ouverte et l'Inspection générale de la police a été chargée de la suite de l'enquête.