Säit dem Sonnden dierfe keng grouss Croisièresschëffer méi zu Venedeg stoe bleiwen oder duerch déi venezianesch Lagun fueren.

Grouss Croisièresschëffer dierfen ab dem Sonnden net méi duerch Deeler vun der venezianescher Lagun fueren an zu Venedeg halen. No engem Beschloss vun der italienescher Regierung sinn de Giudecca- an de Markus-Kanal souwéi d'Markus-Becken am historeschen Zentrum an der Stad Venedeg gespaart. Betraff si Schëffer, déi méi wéi 25.000 Tonne wéien, iwwer 180 Meter laang sinn a 35 Meter héich sinn, sou wéi bestëmmten Ofgasnormen iwwerschreiden. Sou Schëffer dierfen elo just nach beim Industriehafen Marghera um Festland stoe bleiwen. Mat dëser Moossnam, fir de Schutz vun der historescher Alstad, konnt Venedeg knapp der Astufung zum bedrote Weltierwen duerch d'Unesco entkommen.