D'Police mellt an der Nuecht op e Samschdeg eng Kollisioun tëscht dräi Autoen op der A13 Richtung Helleng. Eng Persoun ass hei blesséiert ginn.

Op der A13 hat géint 23:45 e Chauffer d'Kontroll kuerz hannert der Autobunnsopfaart Diddeleng iwwer säi Gefier verluer. Hien ass an d'Schleidere komm, huet sech e puer mol ronderëm seng eegen Achs gedréint an ass dunn op der Iwwerhuelspuer un d'Hale komm.
De Chauffer ass direkt rausgeklommen an huet sech hannert  der Leitplank op der rietser Fuerbunn a Sécherheet bruecht. Kuerz duerno sinn e puer Chaufferen op der Pannespuer stoe bliwwe fir sécher ze goen, dass alles souwäit an der Rei ass.

Kuerz drop ass et dunn leider zu engem weideren Accident hei op der Plaz komm. Ee Fuerer huet en Auto ausgebremst an ass op d'Iwwerhuelspuer gefuer fir keng Gefor fir d'Autoen op der Pannespuer duerzestellen. Dobäi huet en allerdéngs den eigentlech accidentéieren Auto op der Iwwerhuelspuer iwwersinn an ass him dunn hanne ragerannt. Hei war och nach den Auto hannert him mat am Coup. Eng Persoun huet sech no der Kollisioun iwwer Péng beklot an ass mat der Ambulanz an d'Spidol bruecht  ginn. D'Rettungsdéngschter waren hei op der Plaz.