Israel start als éischt Land mat der Opfrëschung vun der Impfung géint de Coronavirus.

An éischter Linn hätt een de Schutz vun deenen eelere Leit am Kapp, dowéinst géif de Fokus och op der Populatioun leien, déi iwwer 60 Joer al wier.
Déi eenzeg Viraussetzung fir eng Drëttimpfung wier, dass déi zweet op d'mannst 5 Méint zréck leit.
Experte warnen allerdéngs virun dësem Schrëtt an empfeelen nach op weider Fuerschungen ze waarden, fir d'Risiken sou niddreg wéi méiglech ze halen.