Um Sonndeg Mëtteg hu vill Leit sech zu Berlin zesummefonnt fir géint d'Corona-Politik ze demonstréieren.

Demonstratioun huet stattfonnt, obwuel um Samschdeg en Demo-Verbuet ausgesprach gi war.
Bei der Siegessäule hunn sech e puer dausend "Querdenker" am freien Nomëtten zesummefonnt a protestéiert. 
D'Police huet kuerz duerno ugekënnegt, dass Waasserwerfer agesat géife  ginn, wann sech Demonstratioun net vum selwen opléise géif. Dëst wier de Virgang, well Demonstratioun u sech scho verbuede wier.

D'Police huet elo gemellt, dass déi meescht Leit doropshinn d'Plaz awer friddlech verlooss hätten.