De CGDIS mellt um Sonndeg Metten zwee Accidenter mat am Ganzen dräi Blesséierten.

Um hallwer 3 ass et am Rond-Point Irgäertchen zu enger Kollisioun mat zwee Autoe komm. Hei sinn zwou Persoune blesséiert ginn. Zwou Ambulanzen aus der Stad waren hei op der Plaz.

An kuerz no dräi ass et tëscht Fluessweiler a Beyren zu enger Chute vun engem Motocycliste komm. De Motorradsfuerer ass blesséiert ginn. D'Rettungsdéngschter vu Fluessweiler a Mäertert waren hei op der Plaz.