Um Sonndegowend koum et an der Rue de la Montagne zu engem Feier. Een Haus war hei betraff.

Um Sonndegowend kuerz virun 8 Auer koum et zu engem Hausbrand zu Rolleng. Wéi de CGDIS mellt war een Haus an der Rue de la Montagne betraff. Wéi et genee zum Feier komm ass, ass aktuell nach onkloer.

Rettungsekippe vun de Pompjeeën vun Esch, Péiteng, Käerjeng, a Suessem-Déifferdeng, de SAMU vun Esch souwéi d'Police waren op der Plaz. Blesséierter goufen et keng, dat mellt de CGDIS um Méinde Mueren.

Weider mellt de CGDIS dann nach ee Camion dee gebrannt huet um Sonndeg Owend, dat zu Käerjeng. An um Ban de Gasperich war am fréie Sonnden Owend ee Moto an een Auto an een Accident verwéckelt. Op der Plaz waren zwou Ambulanzen, de Samu wéi och d'Pompjeeën aus der Stad. Hei goufen et zwee Blesséierter.