Ongeféier 5'000 Leit waren um Sonnden zu Berlin bei dëser Demonstratioun dobäi.

Bei enger sougenannter "Querdenker"-Demonstratioun waren um Sonnden ongeféier 5'000 Leit op de Stroossen zu Berlin ënnerwee fir géint d'Corona-Mesuren ze demonstréieren. Dat obwuel dës Veranstaltung vun der Police verbuede gouf. De Grond fir dëst Verbuet war, dass de Gros vun de Leit bei dësen Demonstratioune sech net un d'Mesuren halen.

Et ass dann och zu Konfrontatiounen tëscht der Police an den Demonstrante komm. Wéi déi däitsch Police mellt goufe Knëppel a Pefferspray hei agesat. Am Ganze goufen dann och ronn 600 Leit festgeholl.