An dëser dréngender parlamentarescher Fro gëtt sech op de Police-Asaz e Samschden zu Ettelbréck bezunn.

An enger dréngender parlamentarescher Ufro hunn d'CSV-Deputéiert Léon Gloden, Laurent Mosar, Marc Spautz a Gilles Roth eng Rei Froe gestallt. Dat un de Minister fir bannenzegt Sécherheet, den Henri Kox.

An hirer Question Parlementaire wollten d'Deputéiert dann eemol wëssen, a wéi enge Situatiounen d'Polizisten dierfe Gebrauch vun hire Schosswaffe maachen, an op d'Policebeamten dann och ee speziellen Training kréie fir ze wëssen wéi si an esou Situatioune reagéiere mussen.

Weider froen déi véier Deputéiert ob de Minister eng Erklärung zum Verhale vun de Poliziste wéilt ginn. Op de soziale Medien wiere vill Kommentaren hannerlooss ginn, an deenen d'Reaktioun vun de Beamten e Samschden zu Ettelbréck kritiséiert gouf.