Am Kader vun engem déidlechen Tëschefall, zu deem et d'leschte Samschdeg zu Ettelbréck komm war, sicht d'Police den Ament no Zeien.

Géint 19h00 Owes d'leschte Samschdeg, hat d'Police zu Ettelbréck e Mann, dee virdrun zu Housen en Auto geklaut hat, interpelléiert. Wärend der Interpellatioun hat de presuméierten Täter d'Poliziste mat engem Messer menacéiert. Ee vun de Polizisten hat doropshi Gebrauch vu senger Déngschtwaff gemaach.

De presuméierten Täter gouf bei dësem Tëschefall déidlech blesséiert.

Am Kader vun dësem Virfall, sicht d'Generalinspektioun vun der Police den Ament no Zeien. Jiddereen, deen Informatiounen zu dësem Tëschefall, respektiv Videomaterial vun Dësem huet, ass gebieden sech bei der Generalinspektioun vun der Police ze mellen. Dat tëscht 07h00 Moies a 16h00 Mëttes ënnert der Telefonsnummer 26 48 53 24. Alternativ dozou, kann een seng Hiweiser op d'Mailadress "igp@igp.etat.lu schécken".