No enger Kläpperei am Péitrussdall sicht d'Police den Ament no Zeien.

De 26. Juni 2021 war et géint 18h00 Owes op engem Trëppelwee am Péitrussdall an der Stad zu enger Kläpperei tëscht e puer Jugendleche komm. Virun dësem Tëschefall, war et op der Place d'Armes zu enger verbaler Ausenanersetzung tëscht 2 Gruppe vu Jugendleche komm. Der méi klenger vu béide Gruppe war hei als éischt d'Flucht gelongen.

No der Kläpperei hat eng Persoun misse mat Blessuren am Spidol am Gesiicht behandelt ginn.

Wien Informatiounen zu dësem Tëschefall huet, ass gebieden sech beim Policekommissariat Capellen/Stengefort ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 30 1000 oder via d'Mailadress "police.capellensteinfort@police.etat.lu".