D'Petitioun mat der Nummer 1914 krut genuch Stëmme fir an der Chamber debattéiert ze ginn.

Eng Petitioun, an där gefuerdert gëtt, dass d'Steieren op den 13. Mount an op d'Primmen, déi een op der Aarbecht kritt, ofgeschaaft ginn, krut déi néideg 4.500 Stëmme fir ëffentlech an der Chamber debattéiert ze ginn.

Wéi et an der Begrënnung vun der Petitioun steet, wier et net gerecht, dass engem Ugestallten no de Steiere manner Sue vu sengem 13. Mount wéi vu senger normaler Pai iwwereg bliwwe géifen.