Eng onbekannte Persoun war um CR322 duerch e Feld mat Blumme gefuer.

Tëscht dem 31. Juli an dem 1. August war en onbekannte Chauffer um CR322 tëscht Wuelessen a Weiler mat sengem Gefier duerch e Feld mat Blumme gefuer. D'Feld gouf doduerch op enger Distanz vun 120 Meter komplett zerstéiert. Wien Informatiounen zu dësem Tëschefall huet, soll sech beim Policekommissariat Ourdall mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 83 1000 oder via d'Mailadress "police.ourdall@police.etat.lu".