Zu Alzeng gouf en Déif an engem Supermarché gestallt an zu Steebrécke goufe Géigestänn aus engem Auto geklaut.

Um fréien Dënschde Moie gouf e presuméierten Déif an engem Supermarché an der Diddenuewener Strooss zu Alzeng gestallt an un d'Police iwwerstallt. Well et net déi éischte Kéier wat, dass de Mann eppes geklaut hat an hien ausserdeem op Sursis war, gouf hien op Uerder vum Parquet festgeholl. Hie koum e Mëttwoch de Moie virun en Untersuchungsriichter.

Géint 20h30 en Dënschden den Owend gouf der Police iwwerdeems gemellt, dass sech eng onbekannten, verdächteg Persoun op engem privaten Terrain an der Rue des Forges zu Steebrécken ophale géif. No enger kuerzer Enquête konnt eng Patrull vun der Police déi gemellte Persoun an der Lëtzebuerger Strooss untreffen. Wéi d'Beamten hie kontrolléiert hunn, konnten si eng Partie geklaute Géigestänn bei him sécherstellen. Et hat sech erausgestallt, dass Dës aus engem Auto, deen net zougespaart war, geklaut goufen. Den Auto stoung iwwerdeems um Terrain, op deem kuerz virdrun eng verdächteg Persoun gemellt gi war. De Parquet gouf iwwert den Tëschefall informéiert a géint de presuméierten Déif gouf eng Plainte deposéiert.